Présentatioun vum Bréifdéieschkalenner 2005

D’Présentatioun vum Bréifdréieschkalenner 2005 mam Motiv « 130 Joer Pärdstram » hat stattfond den 17ten Dezember 04 ëm 16 Auer an der Enceinte vum Trams-musée zu Lëtzebuerg-Hollerech an Präsenz vun folgenden Perséinlechkeeten:

Dem Här Georges Feltz, Chef de service Autobus.Der Madame Sonja Thill, Préposé d’Administration an Relations Publiques vum Service Autobus.Dem Här Pierre Trausch, Vizepräsident vun der CGFP.Dem Här Jean Lindé,Member vum Bureau-Exécutif vun der CGFP.Dem Här Jos Jungels, Chef de Service vun der Formation Professionnelle vun der Postentreprise.Dem Här Claude Steinmetz, Adjoint au Chef de Service du Personnel vun der Post.Dem Här Erny Schmit vum Service du Personnel vun der Post.Dem Komitee an verschiddenen Memberen vum NLB. Et haten sech desweideren ugekënnecht, d’Scheffen vun der Staadt Lëtzebuerg, d’Madame Beissel an den Här Rippinger, allebéid waren se leider nët komm.Entschëllecht haten sech d’Ministeren d’Hären Krecké an Wiseler,den Här Buergermeeschter Helminger, déi Hären Scheffen Mosar an Meyers, den Här Generaldirekter Marcel Gross an den Här Paul Kihn, den Häar Pascal Baustert, Adjoint au Chef de Service vum Matériel vun der Post, den Här Paul Jacoby vum Service Commercial vun der Post, den Vizepräsident den Här Wolf vun der CGFP, d’Madame Régine Hulten vun der ADEPT an den Här Sauveur vum Service Autobus. Nët ze vergiessen, den Kënschtler Roby Klein an den Drécker Remy Quintus.

Den Albert huet d’Begréissungsried virgedroen. Den Historik iwert den Pärdstram ass vum Här Georges Feltz gehalen gin. Duerno hun ech de  Kalenner 2005 an den wonnerschéinen Tableau réaliséiert vum Här Roby Klein vun Bilschdref virgestallt. De Kalenner, dén sech an enger flotter Fard befonnt huet, déi mir vum Drécker geschenkt kritt hun, gouf dun allen Uwiesenden iwerrécht.Ech wëll awer erfirhiewen, dass eise Kalenner 2005 ënnert den „Haut Patronage de la Ville de Luxembourg“ steet. Wat dat och ëmmer heeschen soll?D’Press war och agelueden gin, an esou war én Reporter vum Lëtzebuerger Wort présent. D’Reportagen vun eiser Présentatioun waren ze liesen den 21. Dezember am Wort, den 22. Dezember am Journal an den 27. Dezember am Tageblatt.Mat engem Glas Schampes an dem Gebuertsdagskuch aus der Patisserie M.Goebel vun Diddeleng fir den Pärdstram offréiert vum NLB ass déi sympatesch Feier an enger schéiner Ambiance zu Enn gaangen.Am Résumé kënnen mir festhalen, dass d’Présentatioun vun eisem Kalenner 2005 nët nëmmen eng gudd Reklamm fir den Tramsmuséee war awer och fir den NLB.

Paul Delagardelle

                                                                 

    HISTORIK VUM PÄRDSTRAM



Den Pärdstram ass gefuer vun 1875 – 1908

Virun 150 Joer gouf et nach keng aal an nei Bréck, an d’Leit hu missen duerch Petrusdall goen fir an d’Staadt oder op d’Gare ze kommen, wat nët ganz angemehm war, zumols wann se gelueden waren fir op de Maart.

Wéi 1858 d’Gare fèrdeg gouf, haten si d’Méiglechkeet eng Pärdskutsch ze lounen sou wéi haut Taxien. Awer dat konnten sech nëmmen räich Leit leeschten, well eng Fahrt vun der Gare an Staadt huet ongeféier 2,20 bis 3 Frang kascht. Déi méscht Leit hun 3 Frang den Dag verdingt. Wéi dun 1870 d’Bréck ageweiht gouf, stong dem Pärdstram näischt méi am Wee. D’Streck huet vun der Gare iwert d’aal Bréck, bei de Kollésch,d’Kathedral, de Knuedeler, laanscht de Palais Gili, duerch d’Groussgaass, d’Neipuert bis bei den neien Theater an erëm zréck. Dat ass am 30 Minutentakt gefuer gin. Den Aarbechtspensum vun engem Pärd war 26 Kilometer pro Daag. 1907 haten se 38 Pärd am Stall stoen, an e Billjé huet an der 1ter Klass 15 Centimes kascht, an 10 Centimes an der 2ter Klass. Den 8. August 1908 gouf den Pärdstram vum elektreschen Tram iwerholl Zënter 1908 gehéiert den Tram och der Gemeng Lëtzebuerg.


Am Kader vun eisem 15ten Gebuertsdag ass eng Visite guidée am Tramsmusée firgesin, dén wirklech kuckenswert ass. Dir kënnt Iech schons e Virgeschmaach huelen, op eiser Internetsäit, wou Baden’s Romain flott Fotoen iwert den 17.12.04 dragesat huet.

                                                

Calendar 60th Anniversary

Exellenz M.Peter Terpeluk jr
M.Klein Roby


Exellenz M.Peter Terpeluk jr
M.Leider Albert
M.Stephany Francois
M.Kohn Gilbert

M.Roland Gaul
President of AMBA