anim1
    Link Fotoen        
MUSIKANTEN
 
COMITE
 
FOTOEN
 
PROGRAMM
 
SCHOUL
 
LINKS
 
INTERN
 
Wëllkomm

Merci dass der bei ons era kuckt.

D'Izeger Musek gouf 1920 gegrënnt a gehéiert zanterhier zum Duerfliewen. Haut besteet de Veräin aus enger jonker, dynamescher Equipe vu 55 Musikanten, déi ënner der Leedung vum Luc Rollinger bei all Manifestatioun dobäi ass a mat deenen adequaten Téin fir déi richteg Atmosphär suergt.

All Saison studéiert a presentéiert d'Izeger Musek dräi Programmer, e Chrëschtconcert, e Galaconcert am Fréijoer an e lëftege Summerprogramm. De Repertoire ass enorm a geet duerch all Beräicher vun der Blosmusek.


Museksall

De Sëtz vun der Musek ass am Gebai vun der Aler Schoul zu Izeg no. 3, Hesperstrooss. Hei profitéiere mir vun engem schéine Sall, deen d'Gemeng renovéiert huet an dee mir de 19. September 2003 aweie konnten.

Mir prouwe regelméisseg freides um 19H30 zesumme mat de jonke Musikante bis 20H30. Duerno, déi net méi sou jonk bis 21H30. An duerno...


Merci un all eis Supporteren

Alles wier net esou cool ouni ons trei Supporteren. Hinne gehéiert onse Merci a mir freeën ons, wann esou vill Leit wéi méiglech sech mat ons zesummen ameséieren.

Conseil d'Administration

D'Fanfare Izeg a.s.b.l. gëtt vun engem Conseil d'Administration vun 9 Leit geleet. Deen ass ëmmer gutt beschäftegt fir déi sëlleche Manifestatioune vun der Musek ze organiséieren an ze finanzéieren.
weider....

Musikschoul

D'Musek, wéi och aner Veräiner aus dem kulturelle Beräich, profitéiert vun der Musekschoul déi vun der Gemeng Hesper zesumme mat der UGDA ugebuede gëtt.
weider....

Frënn vun der Izeger Musek

Zanter 2003 huet d'Izeger Musek duerch d'Grënnung vun de Frënn vun der Izeger Musek eng staark Ënnerstëtzung krut.

Si hëllefen der Musek wou se kënnen. Fir hier Aarbecht si mir dankbar. Mir wënschen hinne weiderhi vill Succès an ons zesumme vill flott Stonnen

Aktualiséiert:
Fotoe vum Chrëschtconcert
 

Fotoe vum Träipenowend

 
Fotoe vun de Kannermetten
 
Fréijorsconcert
 

Nächst Manifestatioun : 27. Februar um 19h30 zu Izeg am Sall am Duerf, Generalversammlung

 

Atelier Ligna