Lëtzebuerg ass jo eent vun de klengste Länner vun der Welt. An domat ginn d'Oploen och ganz kleng. Well awer elo d'Drockkäschten op just e puer Exemplare verdeelt musse ginn, si Bicher aus Lëtzebuerg e bësse méi deier. Duerch d'Hëllef vum Nationale Kulturfong bleiwen d'Bicher op d'mannst erschwénglech fir jiddereen, well déi finanziell Hëllef och vun Op der Lay un d'Lieser weidergereecht gëtt. Op där anerer Säit kann ee sech natierlech och soen, datt Bicher aus Lëtzebuerg Raritéite sinn, well se eben net mat honnertdausenden Exemplare gemaach ginn. An eppes Extraes kascht nun eemol e bësse méi. Gesäit een awer op deer anerer Säit, wéivill z.B. en Entréesbiljet fir de Kino, e Pak Zigaretten asw. kascht, sinn d'Bicher vun Op der Lay scho bal geschenkt.
Bitt Äert Manuskript enger Editioun un. D'Adresse fannt Dir an all offiziellem Katalog vun der Federatioun vun den Editeuren, vun der Agence Culturelle oder vum Kulturministär. Wann Der awer wierklech vun Ärer Aarbecht iwwerzeegt sidd a mir sinn et dann och, wäerte mir och eemol matenee schaffen. Mä mir maachen net vill Bicher, dofir awer gudder (menge mir mol). Mir probéieren och, en héijen Niveau an eisem Programm ze halen. Mir leeën dofir och méi Manuskripter of wéi mer der unhuelen. Mä mir hunn an de leschte Joere wuel méi wéi all aner Editiounen am Land dem Nowuess eng éischt Chance ginn. A mir hate ganz Recht domatter!
Leider ass et eis wéinst viller Aarbecht an héije Käschten net méi méiglech, onverlaangt ageschéckt Manuskripter zréckzeschécken.
Dat ass alles ganz léiw geduecht. Da fannt Dir och bestëmmt een Editeur, mä vläicht net grad eis. Wéi mer scho virdru gesot hunn, wëlle mir dee gudden Numm, dee mer bei eise Lieser hunn, och behalen. Natierlech ass et méiglech, datt Äert Buch gudd ass. Dann huele mir et och, wa mir nach Plaz am Programm hunn (wat och schonn ëmmer méi schwéier gëtt). Dir kritt awer dann en Autorenhonorar a musst net Äert Spuerbuch plëmmen.
Sécher maache mir sou eppes. Mir kënnen och schonn eng gutt Parti zefridde Clienten virweisen. Déi Bicher muss Äre Club dann awer selwer bezuelen. Do schwätze mir Iech och net dran, mä mir maachen Iech gutt Virschléi, de Lay-out an d'Korrekture vun Ärer Broschür. Weider kënne mir eis och ëm den Drock an ëm d'Banne këmmeren, wann dat vun Iech gewënscht ass, a mir liwweren Iech dann e fäerdegt Produkt. Wann Dir sou eppes wëlles huet, schwätzt roueg mol mat eis wéinst engem Devis.
Natierlech hu mir vill méi Bicher, Cassetten a Placken erausginn, wéi der op eise Säiten am Internet ze fanne sinn. E puer Titele vun eis sin och scho vergraff. Am ganzen hu mir bis Ufank 2008 iwwert 160.000 Exemplaren ënnert eisem Numm publizéiert. Dorënner ronn 50 Nei-Oploen.
Jo, mir hunn och eng International Standard Music Number (ISMN), wou mir un dat däitscht VLM-Verzeechnis (Verzeichnis lieferbarer Musikalien) ugeschloss sinn. Well mir och en eegene Label-Code (LC-Nummer) hunn, kënnen eis CD och an Däitschland bei den Öffentlech-rechtleche Sender (ARD, ZDF...) virgestallt a gespillt ginn. Mat der Musek hale mir et d'selwecht wéi mat der Literatur, also kuckt nach eemol uewen no!
Eis Adress: