Claudine Muno |
Dat klengt Buch vun der Doudangscht |
| Lëtzebuergesch & français |
Geschichten |
| Op der Lay 159 |
2009, 128 Säiten |
| ISBN 978-2-87967-165-9 |
9,90 EURO |
Dat neit Buch vum Claudine Muno gëtt sécher scho laang erwaard, well hatt ass déi jonk Schrëftstellerin, wou wierklech an all Buch och eppes Neies dran ass an eng Weiderentwécklung ze gesinn ass. Dëst ass e richtegt schwaarzwäisst Buch ginn mat ganz ongewéinleche Geschichten op Lëtzebuergesch a puer op Franséisch. Dobäi huet hatt och d'Illustratioune gemaach. Sou eng makaber-grotesk-satiresch-witzeg Geschichte wéi am klenge Buch vun der Doudangscht gouf et bis elo nach net zu Lëtzebuerg.
A wann Iech d'Wéie vun der jonker Krullesch, déi ongewéinlech Entrevue vun der Katechetin, d'Famill Van der Soup, d'Geschicht vum Klontejouss a.a. intresséiert, dass ass dëst grad dat Richtegt.
Aner Romaner vum Claudine Muno: op Lëtzebuergesch De Fleeschkinnek (2. Oplo) a Frigo (Servais-Präis 2004) (3. Oplo), Koma a Moundkälwer, op Däitsch Träume, aus denen man zu spät aufwacht (2. Auflage), op Franséisch 21 an op Englesch The Moon of the Big Winds (leider vergraff!). Am Hierscht 2006 ass och nach e klenge Comic vum Claudine bei Op der Lay erauskomm: D'Welt geet ënner, Nils Poulet.
Well d'Claudine Muno och eng vun den talentéierste Singer-Songwriterinnen ass, wëlle mer och drop hiweisen, datt seng éischt CD Fish Out Of Water bei Op der Lay erschéngen ass. Am Februar 2006 ass déi nei CD vu Claudine Muno & The Luna Boots bei Op der Lay erauskomm: Monsters. An doduerch krut d'Claudine e Kontrakt mat enger auslännescher Plackefirma.
Fir Kanner huet hatt mam Pascale Junker zwee Kannerbicher bei Op der Lay publizéiert: Dem Zoe seng Geschichten (3. Oplo) an D'Zoe, Draachen a Siweschléifer (2. Oplo).
Auszuch aus Dat klengt Buch vun der Doudangscht
-
Ex Ierzusbullis
Lala, hat déi jonk Krullesch nach just gesongen a gring Zopp gemaufelt, do huet hire Bauch op eemol ugefaang mat Bëlzen. Neen! Setz dech op de Stull, huet hir al al Mamm gejaut, pëtz fest zou, well haut um Dag ginn et elle Kanner. An déi jonk Krullesch huet fest zougepëtzt, well iwwert esou Saachen huet hir al al Mamm net mat sech schwätze gelooss.
- Wa moies den Himmel blatzeg war wéi Mellëch, da goufen et Kanner mat Schläim an de Longen, a wann nuets de Mound ze spatz war, dann haten se kromm Nuese schif am Gesiicht stoen. Wann e parkonter ronn a voll war uewendriwwer, da sinn d’Kanner spéider am Liewen opgaang wéi Hiefendeeg an der Schossel.
- Op dem Dag, wou der jonker Krullesch d’Waasser aus dem Bauch eraus laanscht d’Bee gelaf ass, hat et moies no Kabes gericht an den Himmel hat d’Faarw vun Ierzenzopp. Dat war dat Iwwelst, well déi Kanner goufen elle wéi d’Nuecht, sou dass een se och nëmmen duerft an der Däischtert virun d’Dier loossen. Pëtz zesummen, huet hir al al Mamm gejaut, souwisou wann den Dokter dat Gesiicht do gesäit, da stécht en him de Kapp direkt erëm dohin zréck, wou en hierkoum. An déi jonk Krullesch huet fest zesummegepëtzt, well iwwert esou Saachen huet hir al al Mamm net mat sech schwätze gelooss. Et ass e Liewenswierk, mäi Kand, sot si ëmmer, fir dem Härgott säi Wëllen ze verstoen a ganz auswenneg ze kennen!
- An déi jonk Krullesch sutz an der Kichen ze hurelen, den Hënner fest um Stull an d’Bee widderteneen: Aua aua aua aua aua! Net drécken, looss et dobannen, dobausse sténkt et no Kabes an d’Loft ass gring wéi Ierzenzopp, dat gëtt esou ellen, dat gi mer ni méi lass! Well déi al al Mamm hat wëlles, d’Kand sou séier wéi meiglech géint eng Camionett a sechs Kilo Kéis anzetauschen, fir op Arel op de Maart ze fueren.
- Hënt steet de Mound an der Mëtt, dat ginn häerzeg Puppele mat donkelbloen Aen a genee engem Ouer op béide Säite vum Kapp, hal nach e puer Stonnen aus, da si mer all eise Misär lass!
- An d’Krullesch huet gehurelt a gehurelt, aua aua aua aua, et wëllt eraus, sou laang bis de Bréiwdréier mat senger Fra, der Nopesch, un der Dier geschellt huet, lo geet et duer, Oltesch, mat denge Märercher, mir fuere mat der Krullesch an d’Spidol. Dat war och säi gudd Recht, well ëmmerhin hat de Bréiwdreier dat Kand bruecht, da konnt en et och erëm mathuelen. Wéi de Wand si se gefuer, an déi al al Mamm huet sech hannen um Parschock ugehalen.
[De Fleeschkinnek] [Frigo] [Koma] [Moundkälwer] [Dat klengt Buch vun der Doudangscht] [D'Welt geet ënner, Nils Poulet]
[Träume, aus denen man zu spät aufwacht] [21] [CD Monsters] [CD Fish Out Of Water]
[Dem Zoe seng Geschichten] [D'Zoe, Draachen a Siweschléifer]
[Buch bestellen] [Home] [The Moon of the Big Winds]