Claudine Muno |
Moundkälwer |
| Lëtzebuergesch | Roman |
| Op der Lay 148 | 2007, 128 Säiten |
| ISBN 978-2-87967-140-6 | 9,50 EURO |
Schonn de véierte Roman op Lëtzebuergesch vum Claudine Muno. Et schéngt, wéi wann him d'Iddien ni géifen ausgoen. A seng Romaner spigele ganz gudd déi modern Literatur, déi haut zu Lëtzebuerg geschriwwe gëtt a schonns mat sengem 2. Roman hat d'Claudine Muno 2004 de Servais-Präis fir säi Roman «Frigo» kritt. Mä hatt widderhëlt sech net, all Buch vun him ass anescht. Just säi Stil huet et scho méi laang fonnt, an dee fënnt een hei natierlech och erëm. A vläicht passt dëst Buch dann och fir d'Wanterzäit, well hei mol eemol richteg vill Schnéi fält. E richtegt Lëtzebuergescht Wantermäerchen.
Den Till geréit bal all Dag an eng Polizeikontroll, den Nouga huet do ëmmer Chance. Och beim Nina, wou den Till dann deen ass, deen alles, wat Nina huet ka mat heem huelen. Wat dat alles ass, wäert Der da bei der Lektür entdecken. Wéi den Till dann och nach seng Plaz als Educateur verléiert, schafft e kuerz an engem Supermarché, mä den Nouga verschaaft him dann eng do, wou se déi roud Luuchte programméieren. Wéi alles sech schéngt anzerenken, muss den Till awer déi näechst batter Erfarung maachen.
Aner Romaner vum Claudine Muno: op Lëtzebuergesch De Fleeschkinnek (2. Oplo) a Frigo (Servais-Präis 2004) (2. Oplo), op Däitsch Träume, aus denen man zu spät aufwacht (2. Auflage), op Franséisch 21 an op Englesch The Moon of the Big Winds (leider vergraff!). Am Hierscht 2006 ass e klenge Comic vum Claudine bei Op der Lay erauskomm: D'Welt geet ënner, Nils Poulet. Enn 2009 koum e Buch mat Geschichten, Dat klengt Buch vun der Doudangscht, eraus.Well d'Claudine Muno och eng vun den talentéierste Singer-Songwriterinnen ass, wëlle mer och drop hiweisen, datt déi éischt CD Fish Out Of Water bei Op der Lay erschéngen ass. Zënter Februar 2006 ass och déi nei CD vu Claudine Muno & The Luna Boots bei Op der Lay ze kréien: Monsters.
Fir Kanner huet hatt mam Pascale Junker zwee Kannerbicher bei Op der Lay publizéiert: Dem Zoe seng Geschichten (3. Oplo) an D'Zoe, Draachen a Siweschléifer (2. Oplo).
Auszuch aus Moundkälwer
[De Fleeschkinnek] [Frigo] [Koma] [Moundkälwer] [Dat klengt Buch vun der Doudangscht] [D'Welt geet ënner, Nils Poulet]
[Träume, aus denen man zu spät aufwacht] [21] [CD Monsters] [CD Fish Out Of Water]
[Dem Zoe seng Geschichten] [D'Zoe, Draachen a Siweschléifer]