Renée Weber

Bommel

Sprooch: Lëtzebuergesch faarweg illustréiert vum Renée Weber
Kannerbuch
Op der Lay 544 2010, 80 Säiten, haard Deckelen
ISBN 978-2-87967-166-6 14,90 EURO


No all deene villen erfollegräiche Kannerbicher, déi d'Renée Weber bis elo geschriwwen a gemoolt huet, si besonnesch natierlech vill Kanner op en neit Buch fir si gespaant. An am schéinste Schnéiwanter 2010 kuckt och schonn de Bommel, e ganz léiwe Kueder, aus dem Schnéikoup eraus. Wéi en do drënner geroden ass, verrode mir hei net. Mä och am Fréijoer erliewt de Bommel ganz intressant Erliewnisser, well beim Weier léiert en e Fësch kennen, an dien erzielt him weider wonnerbar Geschichten. Ob déi all sou ënner Waasser passéiert sinn, dat wäerten d'Kanner da wuel selwer erausfanne kënnen. A mat 80 Säite si vill flott Geschichten dran, ob se virgelies ginn oder ob d'Kanner se selwer liesen, spillt wuel déi mannste Roll. Si wäerten d'Kanner erëm all begeeschteren.

2009 hat d'Renée Weber de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kanner- a Jugendbicher kritt fir säi Buch fir ganz kleng Kanner Dem klenge Felix seng grouss Rees.

Scho mat sengem éischte Buch D'Ann Spann an de Rolfi Raup (3. Oplo) hat d'Renée Weber e Risesuccès. Am Dezember 2000 ass dat zweet faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber erauskomm: Alles wéinst dem Willi Wull. Wann d'Buch D'Ann Spann an de Rolfi Raup Iech gefalen huet, wäert Dir och vun dësem Buch begeeschtert sinn. Iwwregens ass och dëst Buch e Bestseller an natierlech och schonn an der 2. Oplo!

Zënter Dezember 2005 kënnt Der och dat flott faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber kréien: Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien. Dëst Buch ass och op Däitsch Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen an op Franséisch ze kréien Mouhna Lisa ou le rêve de voler.
2007 ass Wou ass de Sam? erauskomm, e spannend Kannerbuch, wat vun Ierpeldenger Schoulkanner illustréiert gouf.

D'Renée Weber huet och nach weider Bicher illustréiert, z.B. d'Erzielunge fir Kanner Kuul Lisi (2. Oplo) a Pirik der Clown vum Danielle Frières, dem Roland Meyer seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder ((2. Oplo) oder fir déi grouss Kanner hannerwëtz mat bireschnëtz vum Roger Manderscheid.


Auszoch aus Bommel

Deemols war de Bommel ongeféier zwee Joer al. Wéi hie moies zur Fënster rausgekuckt huet, war alles iergendwéi anescht dobaussen. Et hat an der Nuecht ugefaange mat schneien, a wéi et hell gouf, huet et ausgesinn, wéi wann ee Pudderzocker iwwert déi ganz Landschaft gestreet hätt, d’Faarwe ware verschwonnen, et war eng Welt am Schwaarzwäissen.
„BRRRR, dat gi rëm kal Patten”, huet de Bommel gegrommelt a sech schonns am Viraus geschuddert. Hien hat de Schnéi guer net gär an en huet sech rëm erënnert, wéi en nach eng kleng Kaz war a fir d’éischt a sengem Liewe Schnéi gesinn hat.
Deemols war e voller Begeeschterung zur Dier erausgerannt, an deen déckste Koup gesprongen a flatschteg dra verschwonnen, et huet een en net méi gesinn. Do war just een décke Koup Schnéi, aus deem e ganz aarmséilegt Gewéimers rauskoum.
Wéi e sech endlech rëm rausgewullt hat, war säi ganze Pelz voll dees kalen, naassen, ellene Schnéi. Hien huet sech d’éischt mol éierbar gerëselt, dunn ass e séier an d’Haus ragelaf an huet sech dee ganzen Dag net méi virun d’Dier getraut.
„BRRRRR”, sot de Bommel nach eemol ganz a Gedanken. „’t ass besser, ech ginn haut guer net virun d’Dier, ech maache mer et op der Fotell gemittlech a loossen de Schnéi Schnéi sinn.”
Mee just wéi e sech ëmgedréint hat, fir wéi all Moien d’éischt mol säi Kontrolltuer duerch d’Haus ze maachen, do héiert en e Geräisch, dat wéi e Blëtz an e fiert: d’Gepiips vu Villercher. Déi fanne bei deem ville Schnéi näischt ze frupsen
a stiermen dofir d’Villerchershäische virun der Fënster am Gaard. Dat ass en onheemlechen Zodi, e Gefladders a Gepiips, ee wëllt deen anere verdreiwen, fir als éischten un d’Kären ze kommen. De Bommel ass wéi hypnotiséiert, a wéi op Kommando fänkt säi Mo un ze grommelen.

[Dëst Buch bestellen] [D'Ann Spann an de Rolfi Raup] [Alles wéinst dem Willi Wull] [Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien] [Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen] [Mouhna Lisa ou le rêve de voler] [Wou ass de Sam?] [Bommel] [Home] [zréck bei d'Kannerbicher] [Sage nicht immer Mama] [Kuul Lisi] [Eng Foto vum (Klëppel)Krich] [Dem Kinnek säi Gaart] [hannerwëtz mat bireschnëtz]